Buergbrennen

DSC_2071
Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d’Verbrenne vum Wanter duerstellt.

Gewéinlech sinn et lokal Veräiner, déi sech ëm d’Organisatioun vum Buergsonndeg këmmeren an Holz vun de Leit an eventuell och Betriber aus hirer Gemeng (resp. dem Quartier) sammele fir domat d’Buerg ze bauen. Dat Holz gëtt dann zu engem Kräiz zesummegebonn a mat Stréi oder anerem brennbare Material ëmwéckelt, an dann, meeschtens op engem Hiwwel, opgeriicht. Deelweis ginn och Fakelzich zesummegestallt, déi da géint der Owend d’Buerg ufänken. A verschidden Uertschaften ass et Traditioun, datt d’Buerg vun där Koppel ugefaange gëtt, déi fir d’Lescht bestuet gouf, oder vu jonke Koppelen, déi sech dat Joer bestueden. Vun de Veräiner ginn dann och Buden opgeriicht, wou een Iessen a Gedrénks (z.B. Zopp, Grill- a Mettwurscht, Glühwäin) kafe kann.

An der Zäit hunn d’Baueren a Wënzer vum Buergbrenne profitéiert fir d’Wieder am Virsummer virauszesoen: “Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, esou geet en de ganze Virsummer”.

En ähnleche Brauch gëtt et am schwäbesch-alemannesche Raum ënnert dem Numm Funkenfeuer. Op Franséisch heescht d’Buergbrennen: fête des brandons.

Experten no huet d’Wuert “Buerg” näischt mat enger “Buerg” am haitege Sënn ze dinn, mä geet op dat laténgescht Verb “burere”, also “brennen” zréck[1]. Sou geet een och dovun aus, datt d’Traditioun vum Buergbrennen op d’Neijoersfester am antike Roum zréckgeet, wou d’Joer mam 1. Mäerz ugaang ass. Mee och schonn eis Virfaren, déi virun de Réimer hei gelieft hunn, hunn de Brauch vum Buergbrennen och nach als Ofschloss vum Wanter gefeiert géint Enn Februar Ufank Mäerz. Aneren Interpretatioune no hunn eis Virfaren d’Buergbrenne gefeiert fir d’Gëtter ëm e gudde Karschnatz ze bieden, a Verbindung mat Déierenaffer.

Quell: Wikipedia; Photo: Raymond Faber

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)