Contournement Ollem,Kielen a Keespelt

De Verkeiher beweegt Kielen

(Fotoen)

DSC_6398

Iwwer 400 leit haten sech de leschte Méindeg 19 Mee zu Kielen am Musekssall afonnt fir vu Säiten vun der neier Regierung déi neisten Iwwerleeungen a Saachen Contournement Ollem,Kielen a Keespelt gewuer ze ginn.

Dëse RDV koum zustanen nodeems de Buergermeeschter an de Schäfferoot schonn Enn Abrëll eng Entrevue beim Nohaltegkeetsminister François Bausch esouwei dem Staatssekretär Camille Gira haten a bei deer en neien Tracé fir ee méiglechen Contournement op den Dësch koum.

Déi scho méi laang geplangten, an och vum Schäffen- a Gemengerot am Joer 2008 unanime gestemmten Ostvariante mat Ubannung un d’Industriezon Kielen, déi iwwregens och vu Saiten vun der viregter Regierung op d’Prioritéitelëscht gesat gouf, sollt elo net méi zréckbehalen an een neie Tracé westlech laanscht Kielen an d’A gefaasst ginn.

Déi zwee Regierungsmemberen hu betount ouni virgefaasste Meenung an an aller Objektivitéit mat de Leit wëllen ze schwätzen .

DSC_6445

D’Presentatioun vun der neier Westvariante ass awer direkt op massive Widderstand vun villen Awunner gestouss dëst virun allem wéinst der Streckefeierung déi plazeweis ganz no un déi bestehend Wunngebidder géif erukommen.

D’Ministren hunn op déi prozedural Schwieregkeeten higewisen déi bei der Realisatioun vun der initialer Variante géifen ufalen an dat haaptsächlech weingst der geplangter Ubannung vun der Industriezon tëscht 2 Natura Gebidder derduerch.

Dës Ubannung, déi am Fong den Haaptproblem an deeër ganzer Diskussioun scheingt ze sinn, gouf dunn als solech a Fro gestalt a verbreet koum d’Meenung op dass des net onbedéngt misst sinn an een och mat enger einfacher Nord-Süd Verbindung awer dann östlech vum Duerf kéint liewen.

Versprach gouf du vu Regierungssäit, dass wann am Mee 2015 d’Nordstrooss opgeet een Duerchgangsverbuet fir de Schwéierverkeiher duerch déi Kielener Gemeng géif decidéiert ginn.

DSC_6459

Ofzewaarden bleiwt awer ob des Mesure verkéiersberouhegend genuch wäert wierken.

Eppes ass sécher, an Zukunft geet, ob mir dat wëllen oder net, d’Verkéiersopkommes an d’Luucht an aus deenen méi wei 6000 Gefierer déi sech Dag fir Dag duerch eis Gemeng quetschen ginn et der séier 7000, 8000 a méi !

Den 19. Mee ass zu Kielen de Bols gefrueden ginn wat geet a wat net. Dorausser sollten déi richteg Conclusiounen gezu ginn, déi sécher net déi kennen sinn fir guer näischt ze maachen !!

CSV Kielen

 -> Das (der) Laster im Detail

.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)