CSV Kielen Generalversammlung

Eng flott Stëmmung zu Kielen am Musekssall. Generalversammlung vun der CSV Sektioun Kielen mat der Presentatioun vun de Kandidaten vun der Gemengewahlen 2017, moderéiert vum CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. Iwwer 80 Leit waren derbäi wou no der uerdentlecher Generalversammlung de Laurent déi eenzel Kandidate presentéiert huet.  Niewent engem neie Comité vun der CSJ Kielen ass och eng CSF nees an d’Liewe geruff ginn.

CSV Kielen ass prett fir mat enger staarker Equipe an d’Wahlen ze goen!

 

Gemengewahlen 2017 CSV Kielen

CSV Kielen ass houfreg elo schonn hier Equipe ze presentéieren mat där si den 8 Oktober an d‘Gemengewahle geet. Et sinn 11 Kandidaten aus allen Alterskategorien déi bereet sinn sech fir hier Gemeng Kielen z’engagéieren.

4 Fraen a 7 Männer déi duerch hier Liewens- a Beruffserfahrung a ganz ville Beräicher des Lëscht zu deem maache wat se am Endeffekt ass: Eng staark Equipe!

Eng déi sech mat vill Äifer a gudden Iddien asetzt fir déi bescht méiglech Liewensqualitéit fir haut an déi nächst Generatiounen.

CSV Süden Kongress

Iwwer 250 Leit um Kongress zu Kënzeg.
D’Sektioun Kielen war zu 20 Memberen vertrueden! Et war mol net Platz genuch ons all op een Dësch ze setzen!
D’Ambiance war super an mir freeën ons op d’Joer 2017!