Quizowend zu Nouspelt

Super Ambiance um Quizowend am Kulurzentrum vu Nouspelt, organiséiert vum Syndicat d’initiative. Och wa ons Equipe déi zweeten Plaatz net verteidegen konnt war et e super Owend. Mir freen ons schonns op d’Ausgab 2017. Respekt den Organisateuren!!

Thé dansant

D’Kommissioun vum Drëtten Alter an de Seniorclub aus der Gemeng Kielen hunn hiren Thé dansant e Sonndeg, den 16. Oktober 2016 am Museksall zu Kielen organiséiert. D’Kielener CSV-Sektioun war och derbäi.

Kielener Delegatioun beim CSV-Konvent

17 Kielener CSV-Delegéierten woren de Samschdeg 08.10 moies frei derbäi. Insgesamt woren et iwwer 500 Memberen um CSV-Konvent. – 98,4 Prozent Zoustëmmung fir de Claude Wiseler als Spëtzekandidat! Eng super Ambiance am Forum Geesseknäppchen mat engem Iessen als Ofschloss 🙂