Verkeiher Kielen

Dëst geet net duer !

03
02Dëst Schëld ass ee sougenanntent D1a, wat e.a op der neier Nordstrooss steet , an dem Chauffer vun engem Transitgefiehr iwwert 3,5 Tonnen seet dass hien misst op der Autobunn bleiwen an net dierft iwwert d’Landstroossen fueren.

Wat heescht dëst elo fir eis Gemeng ?

All Schwéiertransport am Transit weess dass hien net vun der A7 duerf erof fir z.b via Keespelt duerch Kielen op Mamer ze fueren fir do op d’A6 ze kommen an ëmgedréint gëllt dat selwecht.
Esouwäit esou gutt , mee wat bréngt dat ?
Et bréngt op jidder Fall net déi Erliichterung déi eis den 19 Mee 2014 am Musekssall zu Kielen versprach ginn ass.
Do gouf vum Minister François Bausch gesot dass wann d’A7, also d’Nordstrooss, bis op wier da keim een Duerchgangsverbuet fir Gefierer iwwert 3,5 Tonnen, ausgeschloss natierlech de Riverainsverkeier.
Domadder géif d’Regierung och derlaanscht kommen fir ee Contournement missen ze bauen an d’Gemeng wier esou entlaascht.
Mee mat deem Reglement wat elo den 22. September geholl ginn ass kenne mir eis net zefridde ginn, well et ganz einfach net deem entsprécht wat virun annerhallwem Joer versprach gouf a bis ewell och keng Erliichterung vun der Situatioun ze spieren ass.
Nach ëmmer fiert massive Schwéierverkeiher an deene zwou Richtungen duerch eis Gemeng a suergt fir groussen Onmut bei de Bierger.
Nach emmer  kennt z.b Schweiertransport vu Miersch erfort deen da  viru Schëndels op Keespelt erop deviéiert gett.
Eis Vertrieder am Schäfferoot hunn d’Urgence eng Entrevue mam Minister François Bausch ugefrot, déi och accordéiert ginn ass.
Mir wäerten iech iwwert d’Conclusiounen vun dësem Meeting um Lafenden halen an hoffen dass eng Léisung am Intressi vun den Awunner ka fonnt ginnCSV Kielen

CSV-Nationalrot

De CSV-Nationalrot: D’CSV setzt sech a fir de Rass an der Gesellschaft ze flécken

Et muss een de Rass flécken, den nom Referendum zwëschen der auslännescher an der lëtzebuerger Bevëlkerung ass. Dat ass eng vun de wichtegste Schlussfolgerungen nom CSV-Nationalrot vum Méindeg Owend. No de ville Feeler vun der Regierungsmajoritéit duerf de Message net sinn, datt d’Lëtzebuerger géint d’Auslänner wären. Wichteg ass d’Integratioun iwwer d’lëtzebuerger Sprooch. De Nationalrot huet op d’CSV-Gesetzespropositioun verwise fir d’Partizipatioun an Integratioun ze stäerken. E Constat vum CSV-Nationalrot war och, datt no esou engem totalen Desaveu vun der Regierung duerch d’Wielerinnen an d’Wieler, d’CSV als Regierungspartei géif wëssen, wat fir Konsequenzen ze huele sinn.